Ë Méindeg 11.3.2019 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer, am Hall de la Chiers zu Déifferdeng. De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon konnt net besser sinn! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dest Joer dem Leederwon an der Wonschkutsch zegutt.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories