Ë Méindeg 5.3.2018 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer am Hall de la Chiers zu Déifferdeng. De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana war excellent! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt den Affer vun de Bëschbränn a Portugal zegutt.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories