Déi traditionnell Kermesse Flamande vun der Kayler Musek war e Samsdeg 25.6.2016 eng éischte Kéier an deem flotte Kader vum Park Ouerbett. Nodeems Mëttes nach e puer Schaueren erof gaang sinn, huet owes d'Sonn geschengt an déi sëlleche Leit, déi sech net esou fir Fussball interesséiert hunn, hu sech mat der Harmonie Moutfort-Méideng an der Musek vum Käpt'n, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana herrlech ameséiert.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories