Wann d'Duerfsieschter vu Miesdref, Petten an Essen e Fest organiséieren, da spillt de Péitrus mat! Dat war och neess e Sonndeg 19.6.2016 esou um traditionnelle Schlassfest, wou d'Wieder sech vu sénger beschter Säit gewisen huet. An deen herrleche Kader vum Pëttener Schlass war d'Stëmmung excellent a Grouss a Kleng hu sech nom Laf gutt ameséiert mat der Garnisounsmusek, de mëttelalterleche Vollkontakt Ritterkämpf, dem Stelzentheater Circolo an der Musék vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana.
Photos: Petz Flammang
Restricted Categories