Home » Kapesëtzungen KaGePe
2. Kapesetzung KaGePe 7.3.2020
Déi 2. Kapesetzung vum KaGePe e Samsdeg 7.3.2020 huet d'Stëmmung vun der 1. nach eng Kéier getopt! Am ausverkafte Centre de Loisirs zu Lamadelaine war och vill Polit-Prominenz um Rendez-Vous a si hu mat deene ville flotte Boke fir eng aussergewéinlech gutt Ambiance gesuergt! Natierlech mat derbei: de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon.
Photos: Petz Flammang
1. Kapesetzung KaGePe 6.3.2020
Déi 1. Kapesetzung 2020 vum KaGePe e Freideg 6.3. war schon e gudde Barometer fir eng openeits excellent Fues-Saison bis Halleffaaschten zu Péiteng! De Centre de Loisirs zu Lamadelaine war wéi ëmmer rappelvoll an dorënner och vill flott verkleede Boken! Si kruten en immens oofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat Musek, Danz a lëschtege Sketcher. A matzendran: de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon.
Photos: Petz Flammang
4. Kapesetzung KaGePe 23.3.2019
"4mal ist göttlich" - an esou war et dann och! Déi 4. a läscht Kapesetzung vum KaGePe e Samsdeg 23.3.2019 war definitiv déi Bescht! De Centre de Loisirs zu Lamadelaine war voller flotter Boken an den ausverkaafte Sall huet gekacht mat allen Acteuren a mam Käpt'n, dem Matrous, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon.
Photos:Tom Jean
3. Kapesetzung KaGePe 22.3.2019
Och déi 3. Kapesetzung vum KaGePe e Freideg 22.3.2019 war neess e Succès op der ganzer Linn. Am Centre de Loisirs zu Lamadelaine ware vill flott Boken an et gouf sech herrlech ameséiert mat allen Acteuren a mam Käpt'n, dem Matrous, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana.
Photos: Tom Jean
2. Kapesetzung KaGePe 16.3.2019
Déi 2. Kapesetzung vum KaGePe e Samsdeg 16.3.2019 huet d'Stëmmung vun der 1. nach eng Kéier getopt! Am ausverkafte Centre de Loisirs zu Lamadelaine war och vill Polit-Prominenz um Rendez-Vous a si hu mat deene ville flotte Boke fir eng aussergewéinlech gutt Ambiance gesuergt! Natierlech mat derbei: de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
1. Kapesetzung KaGePe 15.3.2019
Déi 1. Kapesetzung 2019 vum KaGePe e Freideg 15.3. war schon e gudde Barometer fir eng openeits excellent Fues-Saison bis Halleffaaschten zu Péiteng! De Centre de Loisirs zu Lamadelaine war wéi ëmmer rappelvoll an dorënner och vill flott verkleede Boken! Si kruten en immens oofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat Musek, Danz a lëschtege Sketcher. A matzendran: de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Susana.
Photos: Petz Flammang
5. Kapesëtzung KaGePe 9.3.2018
Och déi 5. a läscht Kapesetzung vum KaGePe am Centre de Loisirs zu Lamadelaine war nees e Mega-Succès!! Promien, vill flott Boken, en ofwiesslungsräiche Programm wou vill gelaacht, gesong a geschunkelt gouf - wat wëlls de méi! A matzendran: de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana.
Fotos: Petz Flammang
4. Kapesetzung KaGePe 3.3.2018
"4mal ist göttlich" - an esou war et dann och! Déi 4. Kapesetzung vum KaGePe e Samsdeg 3.3.2018 war eng vun deene Beschten! De Centre de Loisirs zu Lamadelaine war voller flotter Boken an et war och nees vill Prominenz um Rendez-Vous! Déi hu mat allen Acteuren a mam Käpt'n, dem Matrous, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana fir Bommestëmmung gesuergt.
Photos: Petz Flammang
Restricted Categories