Home » Motor Union Schëffleng
Summerfest Motor Union Schëffleng 13.7.2019
Dat traditionnelt Mototreffen a Summerfest vun der Motor Union vu Schëffleng zitt all Joer immens vill Leit un. Dat war och e Samsdeg 13.7.2019 net anescht an d'Wieder huet och nach matgespillt. Esou war d'Stëmmung beim Terrain vum FC95 dann och excellent mat der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana.
Photos: Jeannot Jung (MUS)
Summerfest Motor Union Schëffleng 14.7.2018
Um franséischen Nationalfeierdag, e Samsdeg 14.7.2018, haat d'Motor Union Schëffléng hiert traditionnellt Summerfest déi Kéier fir d'éischt um Terrain vum FC95 organiséiert. Ganz vill Leit hu sech do bis an de spéiden Owend bei herrlechem Wieder mat der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon super ameséiert!
Photos: Tom Jean
Summerfest Motor Union Schëffleng 15.7.2017
E Samsdeg 15.7.2017 haat d'Motor Union Schëffléng gläich 3 Gebuertsdeeg ze feieren: 85 Joer Motor Union, 10 Joer Mototreffen an 10 Joer Käpt'n Ändä a Matrous K1000. Um Terrain Pétaboules waren dann och vill Leit um Rendez-Vous - dorënner och vill Polit-Prominenz! Bei herrlechem Wieder war d'Stëmmung excellent an de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon hunn d'Gäscht virum traditionnelle Freedefeier an der Héidenger Strooss beschtens ënnerhal!
Photos: Petz Flammang
Summerfest Motor Union Schëffleng 16.7.2016
E Samsdeg 16.7.2016 haat d'Motor Union Schëffléng neess op hiert traditionnellt Mototreffen a Summerfest invitéiert. Ennert fräiem Himmel a bei herrlechem Wieder waren d'Gäscht ewéi ëmmer gutt drop! An de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn um Boulen-Terrain an der Héidenger Strooss virum Freedefeier alles ginn!
Photos: Petz Flammang
Summerfest Motor-Union Schëffleng 11.7.2015
Et ginn esou Owender: déi sinn einfach nëmme schéin! E Samsdeg 11.7.2015 war esou een: do haat d'Motor Union Schëffléng neess op hiert traditionnellt Mototreffen a Summerfest invitéiert. Ennert fräiem Himmel a bei herrlechem Wieder war d'Stemmung wéi ëmmer: excellent! De Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Ruth a Sharon hunn um Boulen-Terrain an der Héidenger Strooss Vollgas ginn!
Photos: Tom Jean
Summerfest Motor Union Schëffleng 7.7.2012
E Samsdeg 7.7.2012 haat d'Motor Union Schëffléng neess op hiert traditionnellt Mototreffen a Summerfest invitéiert. Ennert fräiem Himmel a bei herrlechem Wieder war d'Stemmung wéi ëmmer: excellent! De Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten Mira a Ruth hunn d'Motorschëff geschaukelt...
Photos: Michèle "Mike" Mars
Summerfest Motor Union Schëffleng 9.7.2011
Wat fir e Fest! D'Motor Union Scheffleng haat e Mototreffen an e Summerfest vum Feinsten zu Schëffléng organiséiert. 3 Deeg Halli-Galli, mat Samsdes dem 9.7.2011 dem Käpt'n Ändä, sengem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten an duerno ë phantastëscht Freedefeier. Iwwerzeegt Iech hei selwer vun der bombastëscher Stëmmung.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories