Home » Daringsfest zu Iechternach
Daringsfest Echternach 27.7.2012
Ë Freideg 27.7.2012 haat den Daring vun Iechternach neess op säin traditionnellt Fest op der Maartplaatz invitéiert. No 20.00 Auer war d'Plaatz schwaarz vu Leit a Lëtzebuerger an hollännesch Touristen hunn zesumme Party gemaach op d'Musék vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüetten Ruth a Vanessa. Als Special Guest huet d'Tascha d'Leit begeeschtert, grad esou wéi den DJ JS Powerplay. Géint 22.30 ass allerdéngs d'"Welt ënnergaang" zu Iechternach an déi ganz Plaatz stoung an e puer Minutten ënner Wasser ;-//. Trotzdem: e super Owend!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Daringsfest zu Iechternach 2011
Ë Freideg 22.7. war den Optakt vum Daringsfest zu Iechternach op der Moartplaatz. Déi Iechternacher an hier auslännesch Gäscht hunn op d'Musek vum Käpt'n, séngem Matrous an hieren Hüette geschunkelt wéi an der Fuesend a goufe wéi ëmmer kulinaresch verwinnt.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Daringsfest zu Iechternach 2010
Super, mega Stëmmung ë Freideg 30.7. owes um Daringsfest zu Iechternach op der Moartplaatz. Et gouf geschunkelt a gelaacht bis spéit an d'Nuecht eran. Matzendran: de Käpt'n, säi Matrous, d'Hüetten an d'Sandy Botsch.
Photos: © Mich *Mike* Mars & Claude *Waldy* Wanderscheid
Daringsfest zu Iechternach 2009
Ë Sonndeg 9. August 2009 waren de Käpt'n Ändä feat. Matrous K1000 mat hieren Hüetten an dem Special Guest Sandy Botsch um Daringsfest op der Moartplaatz zu Iechternach. Bommestëmmung war ugesoot um 19.00 an um 21.00 Auer.
© Claude Wanderscheid
Restricted Categories