Home » Taverne Beim Baron zu Osweiler
Halloween-Party beim Baron 29.10.2016
D'Halloween-Party beim Baron zu Osweiler e Samsdeg 29.10.2016 war alt neess e grousse Succès! Déi "grujeleg" Gäscht krute vum Ernesto en excellente 5-Gang-Menü zervéiert an duerno hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana Feier op der Danzpist geluecht ;-)!
Photos: Petz Flammang
Fuesbal beim Baron zu Osweiler 11.3.2016
Wien haat gesot d'Fuesend wier eriwwer? Dovu war op alle Fall e Freideg 11.3.2016 beim Baron zu Osweiler näischt ze gesinn! Vill flott gekleede Leit hunn am ausverkafte Restaurant Party gemaach bis an de fréie Moien. No engem herrleche Menü mat deem Beschten aus der italienescher Kichen gouf gelaacht, gesong a gedanzt op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Maria a Susana.
Photos: Jessica Maquel
Halloween-Party beim Baron 31.10.2015
Wat war dat alt neess eng grujeleg schéin Halloween-Party beim Baron zu Osweiler! De Restaurant war alt neess ausverkaaft an déi "grujeleg" Gäscht, ënnert hinnen och de Bauer Guy a säi Victoria, hu sech herrlech ameséiert! Nom gewinnt excellente 4-Gang-Menü vum Ernesto hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Ruth a Sharon fir Bommestëmmung gesuergt!
Photos: Tom Jean
Fuesbal beim Baron 7.2.2015
E Samsdeg 7.2.2015 war ët alt nees ewéi ëmmer beim Baron zu Osweiler: ët war schéin, ët war gaaaaaaaanz schéin ;-)! De Restaurant war nees rappelvoll, jidderee war verkleed, de Baron haat en herrleche Menü gezaubert an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon hu Vollgas ginn an de Sall zum Kache bruecht!
Fotos: Tom Jean
Halloween Party beim Baron 31.10.2014
D'Halloween-Party beim Baron zu Osweiler war bis op déi läschte Plaz ausverkaaft an déi "grujeleg" Gäscht hu sech super ameséiert! Nom gewinnt excellente 4-Gang-Menü vum Ernesto hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten fir Bommestëmmung gesuergt an déi aner Eieregäscht Victoria a Guy ware grad esou begeeschtert ewéi d'Gebuertsdagskanner Ursula a Philippe an all déi aner Gäscht!
Photos: Tom Jean
Fuesbal beim Baron 29.3.2014
Et war alt neess schéi beim Baron, ët war alt neess gaaaanz schéin! De Fuesbal beim Baron zu Osweiler war "complet"! Kee Wonner: super Kascht, super Wäin a super Stëmmung mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüetten Maria, Ruth a Sharon.
Photos: Tom Jean
Fuesbal beim Baron 22.2.2013
Et ass jo ëmmer schéin beim Baron zu Osweiler, mee ë Freideg 22.2.2013 war ët speziell flott!! De Fuesbal war alt neess ausverkaaft an d'Stëmmung war exceptionnell, grad esou wéi d'Iessen. Den Ernesto huet gekacht a gesong an de Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüetten Ruth a Vanessa hu fir Bommestëmmung gesuergt bis fréi an de Moien eran...
Photos: Ruth Skinner
Soirée Barone al Dente 28.1.2012
Mir haate jo schon immens vill schéin Owender beim Baron, mee daat waat e Samsdeg 28.1.2012 do lass war huet nach eng Kéier alles getopt ;-)! Super Kascht vum Ernesto a Partystëmmung vum Allerfeinsten mam Käpt'n, séngem Matrous an den Hüetten Vanessa a Mira.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories