Home » Summerfest VGSL
Summerfest VGSL 9.6.2018
E Samsdeg 9.6.2018 haat d'VGSL (Association des défients auditifs Luxembourg asbl) op hiert grousst Summerfest op Steesel an de Centre Loisir Norbert Melcher invitéiert. Bei schmeierem Wieder kruten déi selleche Gäscht en oofwiesslungsräiche Programm gebueden, e.a. mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Sharon a Susana.
Photos: Tom Jean
Summerfest Diddeleng 8.7.2017
E Samsdeg 8.7.2017 haaten d'Delux Show Girls op e grousst Summerfest zu Gonschte vun der VGSL (Association des défients auditifs Luxembourg asbl) op d'Place St Eloi zu Diddeleng invitéiert. Bei herrlechem Summerwieder kruten déi selleche Gäscht en oofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat der Jombolo Dance Group, den Delux Show Girls an der Fada's Family, dem DJ Lull an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana.
Photos: Ketty a Rom Hankes
Restricted Categories