Home » Rentnerfeier Koplescht
Rentnerfeier Koplescht 4.12.2018
En Dënschdeg 4.12.2018 war déi traditionnell Rentnerfeier vun der Gemeng Koplëscht am Centre Wirtspesch. No der Usproch vum Buergermeeschter Carlo Schmit kruten d'Gäscht e gudden 3-Gang-Menü zervéiert an duerno hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon fir déi passend Stëmmung gesuergt, mat vill schéiner Danz- a Chrëschtmusek. A jidderee krut och nach e schéine Kado mat lokale Produkter geschenkt!
Photos: Tom Jean
Rentnerfeier Koplescht 7.12.2017
En Donneschdeg 7.12.2017 war neess déi traditionnell Rentnerfeier vun der Gemeng Koplëscht am Centre Wirtspesch. No der Usproch vum Schäffen Raoul Weicker kruten d'Gäscht e gudde Menü zervéiert an duerno hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana fir déi passend Stëmmung gesuergt, mat vill schéiner Danz- a Chrëschtmusek. A jidderee krut nach eng schéi Corbeille mat Produkter aus dem Natutpark Uewersauer geschenkt!
Photos: Tom Jean
Rentnerfeier Koplescht 22.12.2016
En Donneschdeg 22.12.2016 haat d'Gemeng vu Koplëscht op hier traditionnell Rentnerfeier an de Centre Wirtspesch invitéiert. No der Usproch vum Buergermeeschter Romain Adam kruten d'Gäscht e gutt Iessen zervéiert an duerno hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon fir gutt Stëmmung gesuergt. An um Enn krut jiddereen nach e schéine Kado mat gudde regionale Produkter mat heem!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories