Home » Alles op der Kopp Folscht
Alles op der Kopp Folscht 13.2.2016
E Samsdeg 13.2.2016, op Buergsonndeg, war alt neess alles op der Kopp zu Folscht am Centre Culturel! Deen traditionnelle Präismaskebal vum DT Hueschtert/Folscht war neess gutt besicht an et waren neess vill flott Boke mat derbei! Fir déi excellent Stëmmung hunn den Orchester Los Amigos an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Susana gesuergt!
Photos: Jessica Maquel
Alles op der Kopp Folscht 21.2.2015
Ët war schonn dacks schéin op Buergsamsdeg zu Folscht, mee e Samsdeg 21.2.2015 war et besonnesch schéin ;-)! De Centre Culturel war neess rappelvoll mat deene schéinste Boken, déi riicht duerch op d'Musek vu Los Amigos a vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Ruth a Sharon bis an de fréie Moien era gedanzt hunn! Déi schéinst Boken goufe vun enger Jury mat Präisgelder am Gesamtwäert vu 1.400 € belount!
Photos: Tom Jean
Alles op der Kopp 8.3.2014
Buergsamsdeg, den 8.3.2014, war de Centre Culturel zu Folscht neess op der Kopp. Dee stad- a landbekannte Präismaskebal war neess e grousse Succés mat ville flotte Boken, déi bei der Musek vum Orchester Marco Rech an der Bommestëmmung vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria, Ruth a Sharon bis an de fréie Moien era gedanzt hunn!
Photos: Tom Jean
Alles op der Kopp Folscht 16.2.2013
Op Buergsamsdeg, dem 16.2.2013 war zu Folscht neess alles op der Kopp. Nach nie waren esouvill Boken um grousse Präismaskebal am Centre Culturel an déi hu séch bei der Musek vum Orchester Hämelmaous an der Bommestëmmung vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Tascha an den Hüetten Ruth a Sharon herrlech ameséiert.
Photos: Ruth Skinner a Claude "Waldy" Wanderscheid
Alles op der Kopp Folscht 25.2.2012
Buergsamsdeg de 25.2.2012 war neess "Alles op der Kopp" zu Folscht. Um traditionnelle Präismaskebal waren neess immens flott Boken ënnerwee - d'Jury huet séch um Enn fir d'Koppel aus dem Restaurant mat der Nummer 14 entscheed. Niewt ville Geldpräisser goufen ët och 3x2 Billjéen fir d'Finale vum DFB-Pokal ze gewannen. Fir déi excellent Stëmmung hunn den Orchester Hämelmaos an de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten gesuergt.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Alles op der Kopp Folscht 12.3.2011
Op Buergsamsdeg invitéiert den DT Hueschtert-Folscht traditionnell op säi Präismaskebal. Och dëst Joër war de Sall neess gutt gefëllt an iwwer 60 Boken hu beim Concours matgemaach - um Enn kruten d'Storchen déi meescht Punkten vun der Jury - fir déi excellent Stëmmung waren den Orchester Hämelmaos an de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten zoustänneg!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Alles op der Kopp 2010
Den DT Hueschtert/Foulscht haat alt neess ee formidabele Präismaskebal mat Präisser am Gesamtwert vun 1.100 € organiséiert. Ët waren dann och herrléch Kostümer derbei a fir déi gutt Stëmmung hun den Orchester Hämelmaus an de Käpt'n Ändä & Matrous K1000 feat. Sandy & the Hüettes gesuergt.
Photos: Claude Wanderscheid
Alles op der Kopp zu Folscht 2009
Bommestëmmung a vill Spaass mat de Boken op Buergsamsdeg zu Folscht um Präismaskebal "Alles op der Kopp".
© Claude "Gigolo" Wanderscheid
Restricted Categories