Home » Cavalcade Diekirch
After-Cavalcade-Party Dikrech 3.3.2019
Och déi 40. Dikrecher Cavalcade e Sonndeg 3.3.2019 huet nees alles gehaal, wat se versprach huet! Dausende Boken waren an der Sauerstad gréisstendeels dréchen ënnerwee an hunn duerno an der aler Seerei Party gemaach mam Claude Juchem, mam Käpt'n Ändä, Matrous K1000, dem Lisa, den Hüette Maria a Sharon a mam DJ Rom op der After-Cavalcade-Party.
Photos: Tom Jean
After-Cavalcade-Party Dikrech 11.2.2018
Och déi 39. Dikrecher Cavalcade e Sonndeg 10.2.2018 huet nees alles gehaal, wat se versprach huet! Nom Ree koum d'Sonn an dausende Boken waren an der Sauerstad ënnerwee an hunn duerno an der aler Seerei Party gemaach mam Orchester Sound Express, mam Käpt'n Ändä, Matrous K1000, dem Lisa, den Hüette Sharon a Susana a mam DJ Al op der After-Cavalcade-Party.
Photos: Tom Jean
After-Cavalcade-Party Dikrech 26.2.2017
Déi Dikrecher Cavalcade e Sonndeg 26.2.2017 war alt neess e Succès op der ganzer Linn! D'Wieder huet matgespillt, elauter flott Boken waren an der Sauerstad ënnerwee an duerno hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Maria a Sharon op der After-Cavalcade-Party an der aler Séerei fir déi passend Stëmmung gesuergt, zesumme mam Orchester Sound Express an dem DJ Rom.
Photos: Tom Jean
After-Cavalcade-Party Dikrech 7.2.2016
E Sonndeg 7.2.2016 hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Maria, Ruth, Sharon a Susana eng éischte Kéier Vollgas ginn op der After-Cavalcade-Party an der aler Séerei zu Dikrech! Zesumme mam Orchester Sound Express an de Belsch Jecke hu si de Sall op d'Kopp gestallt ;-)!
Photos: Tom Jean
Cavalcade Diekirch 2008
Restricted Categories