Home » Rentnerfeier Monnerech
Rentnerfeier Monnerech 17.12.2019
En Dënschdeg 17.12.2019 war nees déi traditionnell Rentnerfeier an der Gemeng Monnerech. Iwwer 400 Leit waren déi Kéier neess an der Sportshaal um Rendez-Vous an no den Usprochen vun der Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter a vun der Gesondheet, dem Marianne Weisgerber, an dem Buergermeeschter Jeannot Fürpass, hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria mat nationalen an internationale Lidder fir eng excellent Stëmmung gesuergt, ier de Gourmang e Lëtzebuerger Teller an e gutt Stéck Taart zervéiert huet an de Knipsomat huet derfir gesuergt, dass d'Leit mat enger schéiner Foto heem gaang sinn!
Photos: Petz Flammang
Rentnerfeier Monnerech 19.12.2017
En Dënschdeg 19.12.2017 war nees déi traditionnell Rentnerfeier an der Gemeng Monnerech. Iwwer 400 Leit waren déi Kéier an der Sportshaal um Rendez-Vous an no den Usprochen vun der Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter a vun der Gesondheet, dem Marianne Weisgerber, an dem neie Buergermeeschter Jeannot Fürpass, hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana mat nationalen an internationale Lidder fir eng excellent Stëmmung gesuergt, ier de Gourmang e Lëtzebuerger Teller an e gutt Stéck Taart zervéiert huet! Während dem Iessen huet den Ensemble Divertimento säi Krëscht-Répertoire zum Beschte ginn an de Knipsomat huet derfir gesuergt, dass d'Leit mat enger schéiner Foto heem gaang sinn!
Photos: Petz Flammang
Rentnerfeier Monnerech 20.12.2016
En Dënschdeg 20.12.2016 war déi traditionnell Rentnerfeier an der Gemeng Monnerech. D'Sportshaal war mat iwwer 350 Leit neess gutt gefëllt an no den Usprochen vun der Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter, dem Danielle Juchem-Bastian, an der Buergermeeschtesch Christine Schweich, hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana mat nationalen an internationale Lidder fir eng excellent Stëmmung gesuergt, ier de Gourmang d'Gäscht kulinaresch verwinnt huet! Während dem Iessen huet de Fabio Buffadini säi Répertoire zum Beschte ginn an de Knipsomat huet derfir gesuergt, dass d'Leit mat enger schéiner Foto heem gaang sinn!
Photos: Val Wagner
Rentnerfeier Monnerech 15.12.2015
En Dënschdeg 15.12.2015 war déi traditionnell Rentnerfeier an der Gemeng Monnerech. D'Sportshaal war mat iwwer 350 Leit ganz gutt gefëllt an no den Usprochen vun der Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter, dem Danielle Juchem-Bastian, an der Buergermeeschtesch Christine Schweich, hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Ruth mat engem Best-Of aus hierem Programm fir gutt Stëmmung gesuergt, ier de Gourmang d'Gäscht och nach kulinaresch verwinnt huet - eng schéi Feier!
Photos: Roland Fritsch (Gemeng Monnerech) a Ruth Skinner
Restricted Categories