Home » Clochardsbal Déifferdeng
Clochardsbal Déifferdeng 22.2.2020
D'Megafuesend zu Déifferdeng war e Samsdeg 22.2.2020 fir d'éischt an der neier Hal "O" zu Uewerkuer. D'Stëmmung war wéi ëmmer excellent mat de Party Champs an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana!
Fotos: Petz Flammang
Clochardsbal Déifferdeng 2.3.2019
Déi 3. RTL-Megafuesend zu Déifferdeng war e Samsdeg 2.3.2019 alt nees e grousse Succès! Wéi den Numm et seet: d'Stëmmung am groussen Zelt um Parking Contournement war alt meeegaaaaa, mat den Noisemakers, de Party Champs an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon!
Fotos: Petz Flammang
Clochardsbal Déifferdeng 10.2.2018
Och déi 2. RTL-Megafuesend zu Déifferdeng war e Samsdeg 10.2.2018 nees e Succès op der ganzer Linn! Wéi den Numm et seet: d'Stëmmung an deenen 2 Zelter um Parking Contournement war mega!! Hei d'Fotoen aus dem Haaptzelt, wou d'Party Champs, de Ginta Fiesta Orchesta an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria, Sharon a Susana fir Bommestëmmung gesuergt hunn!
Fotos: Petz Flammang
Clochardsbal Déifferdeng 25.2.2017
Déi 1. RTL-Megafuesend zu Déifferdeng war déi 10. Editioun am Ganzen an déi ass hierem Numm dann och wierklech gerecht ginn: et war alt neess meeeeegaaaaaaa! E Samsdeg 25.2.2017 hunn d'Zelter um Parking Contournement gewackelt an dausende vu Leit hu matenee Party gemaach op d'Musek vun de Party Champs, dem Ginta Fiesta Orchesta, den DJen Hoffi a Zambesi an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Susana! Oh, what a night - kuckt selwer!
Fotos: Petz Flammang
Clochardsbal Déifferdeng 6.2.2016
D'Megafuesent zu Déifferdeng huet hieren Numm wierklech net geklaut! E Samsdeg 6.2.2016 huet d'Zelt um Parking Contournement neess gebrannt! Iwwer 1.000 Leit hu fir eng Megastëmmung gesuergt a goufe vun der Musek vun de Party Champs, dem Ginta Fiesta Orchesta an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Maria, Ruth, Susana a Sharon matgerappt! E genialen Owend - kuckt selwer!
Fotos: Tom Jean
Clochardsbal Déifferdeng 14.2.2015
Si heescht Megafuesent a si ass MEGA: d'Fuesent zu Déifferdeng! E Samsdeg 14.2.2015, op Vältesdag, war d'Zelt op der Moartplaz nees rappelvoll an d'Stëmmung konnt net besser sinn! Duerfir gesuergt hun d'Party Champs, de Ginta Fiesta Orchesta an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon an de Special Guest Star Sandy "Frou mat Dir" Botsch ;-)!
Fotos: Tom Jean
Clochardsbal Déifferdeng 1.3.2014
Also mir hunn an deenen 8 Joer, wou mir elo ënnerwee sinn jo scho vill erliewt!! Mee dass d'Ambiance esou gekacht huet, dass d'Sicherungen eraus gefuer sinn, dat haate mir och nach nët ;-)! Mee déi 10 Minutten hunn déi Mega-Stëmmung an der Megafuesent zu Déifferdeng am groussen Zelt op der Moartplaatz nët gestéiert! Duerfir hu gesuergt: de Ginta Fiesta Orchesta, de Jeannot Conter an de Rol Girres an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000 an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon.
Fotos: Tom Jean
Clochardsbal Déifferdeng 9.2.2013
Ë Samsdeg 9.2.2013 war den Héichpunkt vun Déifferdenger Fuesend: mat 1500 Leit war d'Zelt op der Geméngeplaatz rappelvoll an d'Boken hu séch excellent ameséiert um Clochardsbal op d'Musek vum grousse Ginta Fiesta Orchesta, dem Jeannot Conter a Rol Girres a scho fir d'6. mam Käpt'n Ändä, sengem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Ruth a Vanessa.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories