Home » RTL Fuesfiesta
RTL-Fuesfiesta 7.2.2016
Déi 14. RTL-Fuesfiesta war e vollen Erfolleg an deenen 2 Zelter "A Kack"! D'Trei Sei, de grousse Ginta Fiesta Orchesta, den DJ Hoffi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Maria, Ruth, Sharon a Susana hunn derfir gesuergt, dass d'Zelter gewackelt hunn ;-)!!
Fotos: Tom Jean
RTL-Fuesfiesta 15.2.2015
Wat war dat nees eng bombastesch Stëmmung am grousse Festzelt "A Kack" zu Iechternach!! Déi 13. RTL-Fuesfiesta war alt nees en absoluten Highlight fir d'Fuesboken - d'Zelt huet gekacht! Déi kleng Trei Sei, de grousse Ginta Fiesta Orchesta, den DJ Hoffi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon hu Vollgas ginn;-)!!
Fotos: Tom Jean
RTL-Fuesfiesta Iechternach 2.3.2014
Ët ass schwéier a Wieder ze faassen, wat mir den Owend hunn dierfen am grousse Festzelt "A Kack" zu Iechternach erliewen!! Déi 12. RTL-Fuesfiesta war mat Sécherheet eng vun deene Beschten - d'Ambiance am Zelt war onbeschreiflech. Den Al Humba, de grousse Ginta Fiesta Orchesta, den DJ Hoffi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon hu richteg Gas ginn an d'Zelt huet "gebrannt" ;-)!!
Photos:Tom Jean
RTL-Fuesfiesta 10.2.2013
Ët ginn Owender, déi vergesst een nët esou séier - d'RTL-Fuesfiesta 2013 gehéiert sécher dozou, fir déi Leit déi do derbei waren. Nach nie waren esouvill Leit am Zelt "A Kack" an nach nie war d'Stëmmung esou genial. De grousse Ginta Fiesta Orchesta an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten hu richteg Gas ginn an d'Zelt huet gewackelt ;-)!!
Photos: Sharon Schanet, Michèle "Mike" Mars a Claude Wanderscheid
RTL-Fuesfiesta Echternach 19.2.2012
Et war ewéi ëmmer: genial ;-)!! Dausende vu Leit hunn zu Iechternach d'Fuesend gefeiert mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten, mam grousse Ginta Fiesta Orchesta, den Hofnarren a ville méi... Impressiounen aus deenen 2 groussen Zelter "A Kack" an op der Gare fand Dir hei an eiser Gallery - vill Spaass!!
Photos: Mira Ouardalitou a Claude "Waldy" Wanderscheid
RTL-Fuesfiesta Echternach 6.3.2011
Also, mir hu jo och scho villes erliewt, mee esou eng gigantësch Stëmmung, wéi am Festzelt "A Kack" op Fuessonndeg op der RTL-Fuesfiesta zu Iechternach - daat haate mer och nach nët - einfach nëmme sensationnell - ët fehlen eis d'Wieder ;-))!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
RTL Fuesfiesta zu Iechternach 2010
Waat fir eng bombastësch Stëmmung am rappelvollen Zelt "A Kack" op der Fuesfiesta zu Iechternach. Dausende Leit hu Party gemaach mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Carole a Ruth, dem grousse Jang Linster Orchester an den Dompiraten!!!
Photos: Claude Wanderscheid
RTL Fuesfiesta Iechternach 2009
22.2.2009 De kréinenden Ofschloss vum Fuesweekend: "Foasicht a ganz Eechternooch" - Bommestëmmung pur op der RTL-Fuesfiesta.
© Claude Wanderscheid / Ruth Skinner
Restricted Categories