Home » Riesling Open
Riesling Open 16.9.2018
Super Wieder, e formidabele Publikum, gudde Wäin - dee perfekte Cocktail fir e super Riesling Open 2018. Op der Bühn virum Domaine Schumacher-Lethal zu Wormer hu wéi all Joër no der Moselle Valley Brass Band de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria Vollgas ginn an et gouf gefeiert bis an d'Nuecht! E Grand Premier Cru, mat der Rieslingskinnegin Catherine!
Fotos: Petz Flammang
Riesling Open 17.9.2017
E Sonndeg 17.9.2017 war et zwar dréche-kal virum Domaine Schumacher-Lethal zu Wormer, mee deene ville Gäscht um Riesling Open huet dat näischt ausgemaach! Op der Bühn hunn d'Moselle Valley Brass Band an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana d'Leit an Top-Stëmmung bruecht an esou war et jidderengem séier warm, mat engem gutte Flames an deem passende Patt Wäin!
Photos: Tom Jean
Riesling Open 18.9.2016
E Sonndeg 18.9.2016 huet d'Wieder matgespillt an deementsprechend gutt war alt neeess d'Stëmmung am Domaine Schumacher-Lethal zu Wormer bei de Riesling Open! Op der Bühn hunn d'Moselle Valley Brass Band an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana Vollgas ginn a Jonk an Al hu Party gemaach bei engem gudde Maufel an engem Pättche vun eiser Musel!
Photos: Petz Flammang
Riesling Open 20.9.2015
E Sonndeg 20.9.2015 war owes eng weider lass am Domaine Schumacher-Lethal zu Wormer! Bei perfektem Wieder haat de Riesling Open vill Leit an d'Kellerei gelackelt. Bei engem gudde Maufel an engem Pättche Wäin war d'Stëmmung excellent! Duerfir hunn op der Bühn d'Moselle Valley Brass Band an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon gesuergt!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories