Home » Amicale Sapeurs Pompiers Mondorf-Altwies
13. Porte Ouverte mat Grillfest Pompjeeën Mondorf 5.8.2018
Dat haat d'Equipe vum Käpt'n Ändä an 11 Joer och nach net: dass eng Koppel sech wärend engem Optrëtt op der Bün d'Jo-Wuert gëtt. Op der 13. Porte Ouverte mat Grillfest vun der Amicale vun de Sapeurs-Pompiers vu Mondorf-Altwies, bei der Sportshal vu Munneref e Sonndeg 5.8.2018 war et dunn esou wäit: bei herrlechem Summerwieder huet d'Monique de Jos gefrot fir hatt ze bestueden an d'Äntwert war "JO!". Ee vu villen Highlighten vun engem super Owend op deem trotz den héigen Temperature vill gedanzt gouf!
Photos: Tom Jean
10. Porte Ouverte mat Grillfest Pompjéen Mondorf 2.8.2015
E Sonndeg 2.8.2015, bei herrlechem Summerwieder, haat d'Amicale vun de Sapeurs-Pompiers vu Mondorf-Altwies hier 10. Porte Ouverte mat Grillfest bei der Sportshal vu Munneref organiséiert. Och wann et ze waarm war fir ze danzen, esou hu sech déi sëlleche Leit ënnert den Zelter gutt ameséiert bei der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Ruth, ier duerno d'Delux Show Girls an d'Fada's Family opgetruede sinn.
Photos: Ruth Skinner
Restricted Categories