Home » Cavalcade Esch
Cavalcade Esch 28.2.2016
D'Motor Union Schëffleng huet dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an hierer ganzer Equipe fir d'Fuesend 2016 en extra Won gemaach a mat deem waren si op der Cavalcade zu Esch ënnerwee. Bei dréche-kaalem Wieder war d'Stëmmung um an niewt deem schéine Won excellent!
Photos: Tom Jean
After-Cavalcade-Party zu Esch 23.3.2014
Ë Sonndeg 23.3.2014 war et neess esou wäit: déi 13. Escher Cavalcade huet gerockt an dausende vu Leit an d'Minettmetropol gezunn! Duerno war neess d'After-Cavalcade-Party op der Gemengeplaatz am groussen Zelt. Dat war wéi emmer strubbelvoll an huet gewackelt op d'Musek vum Tim Toupet, DJ Hoffi a Zambesi, Konfetti Kanounen, Hüttenrocker an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Ruth a Sharon.
Photos: Tom Jean
After-Cavalcade-Party zu Esch 3.3.2013
Ë Sonndeg 3.3.2013 war déi 12. Escher Cavalcade an traditionnell duerno d'After-Cavalcade-Party op der Gemengeplaatz am groussen Zelt. Dat war strubbelvoll an huet wuertwiertléch gewackelt op d'Musek vum Peter Wackel, DJ Hoffi a Zambesi, Konfetti Kanounen, Hüttenrocker an natierléch dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Tascha an den Hüetten Ruth a Vanessa.
Photos: Michèle "Mike" Mars
After-Cavalcade-Party Esch 11.3.2012
Super Wieder, super Stëmmung... déi Escher Cavalcade um Sonndeg 11.3.2012 war alt neess e vollen Erfollleg. An esou schwaarz vu Leit ewéi d'Stroossen, esou voll war och d'Zelt op der Geméngeplaatz an ët huet gewackelt bei den Optrëtter vum DJ Hoffi, Dieter D., Micky Krause, DJ Al an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten.
Photos: Michèle "Mike" Mars
After-Cavalcade-Party Esch 27.3.2011
Waat fir en Owend!!! No enger herrlecher Cavalcade bei herrléchem Wieder duerch d'Stroossen vun der Minettmetropole hunn honnerte vu Leit am groussen Zelt mat der Geméng an dem King Wilma Party gemaach! Fir déi excellent Stëmmung hun den DJ Al, den Dieter D., de Special Guest Star Guildo Horn an natierlech de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten gesuergt ;-)!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Après-Cavalcade Party zu Esch 7.3.2010
Déi Escher Cavalcade 2010 war neess een immens grousse Succès. Nom groussen Ëmzuch konnten d'Boken séch am Zelt op der Place de l'Hotel de Ville wierme kommen an do hun de Käpt'n, säi Matrous an hier Hüetten fir déi passend Stëmmung gesuergt - d'Zelt huet gewackelt!!!
Photos: Claude Wanderscheid
D'Escher Kavalkad 2009
15.3.2009: Sonn, gutt Laun a "Millioune" vu Fuesgecken hu sech läschte Sonndeg zu Esch op der Kavalkad Rendez-vous gin. Den Käpt'n, säi Matrous an hier trei Hüetten hun d'Schëff ausnahmsweis géint de Won vun de "South Boys", dem Fanclub vun der Escher Jeunesse getosch. AN DAT BESCHT: dëse Woon huet déi 3. Plaatz op der Kavalkad gemaach - SUPER!!! Duerno war Bommestëmmung ugesot op der Gemengeplaatz zesumme mam Dieter De.
© Claude Wanderscheid
Restricted Categories