Home » Brasserie Soundcheck Mertzig
Oktoberfest an der Brasserie Soundcheck 23.9.2018
Ë Sonndeg 23.9.2018 war Oktoberfest an der Brasserie Soundcheck zu Mäertzeg. Den Armand Niedercorn, d'Tëtelbierg Bléiser, de Marco Spiegl an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Maria a Sharon hunn am grousse Sall fir Bommestëmmung gesuergt!
Photos: Tom Jean
Fuesgaudi an der Brasserie Soundcheck 17.2.2018
Ë Samsdeg 17.2.2018 war nees Fuesgaudi an der Brasserie Soundcheck zu Mäertzeg. Den Armand Niedercorn, de Marco Spiegl an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000 an d'Hüetten Maria a Sharon hunn am groussen Zelt fir Bommestëmmung gesuergt!
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Nomëtteg Brasserie Soundcheck 20.11.2016
E Sonndeg 20.11.2016 war deen 1. Lëtzebuerger Nomëtteg an der Brasserie Soundcheck an der Industriezone zu Mäertzeg. D'Gäscht goufe verwinnt mat excellentem Lëtzebuerger Kascht a mat der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon a vun den DJen Felix De Palma a Pierre Bamboleo.
Photos: Tom Jean
Fuesgaudi an der Brasserie Soundcheck 30.1.2016
Ë Samsdeg 30.1.2016 war Fuesgaudi ugesoot an der Brasserie Soundcheck zu Mäertzeg. Den Armand Niedercorn an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon hunn alles ginn an déi gutt gelaunte Leit am Sall hu sech waarm gemaach fir d'Fuesend!
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend an der Brasserie Soundcheck 26.6.2015
Et war eng gelonge Première fir den 1. Lëtzebuerger Owend an der Brasserie Soundcheck an der Industriezone zu Mäertzeg. De Sall war bis op déi läscht Plaz ausverkaaft an d'Leit goufen um Buffet a mat der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Ruth a Sharon verwinnt.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories