Home » Cavalcade Péiteng
After-Kavalkad-Party Péiteng 31.3.2019
No enger herrlecher 64. Péitenger Kavalkad koum et e Sonndeg 31.3.2019 owes am Festzelt op der Maartplaz zum grousse Showdown: d'Stëmmung war einfach nëmme phantastesch an de Péitenger Wand huet nees esou richteg geblosen! Party total mat villen Eieregäscht a mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon!! Dee ganz normale Wahnsinn ;-)!!
Photos: Petz Flammang
Cavalcade Péiteng 31.3.2019
Déi 64. Péitenger Cavalcade war sécher eng vun de beschten Editioune vun allen Zäiten! Bei Grand-Duc's-Wieder waren e Sonndeg 31.3.2019 eng geschätzten 30.000 Leit an de Péitenger Stroossen ënnerwee an hu sech déi iwwer 50 flott dekoréiert Ween a vill faarweg Animatiounsgruppe gefreet. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon ware wéi ëmmer am Cortège um Won vun der FECC an hunn do vu 14h11 bis géint 18.00 Vollgas ginn!
Photos: Petz Flammang
After-Kavalkad-Party Péiteng 11.3.2018
Photos: Petz Flammang
Cavalcade Péiteng 11.3.2018
Déi 63. Péitenger Cavalcade war alt nees e Succès op der ganzer Linn! D'Wieder huet matgespillt an esou huet sech den Zuch mat iwwer 70 Gruppen a Wee sech säi Wee duerch déi dausende Leit gesicht, déi e Sonndeg 11.3.2018 op Péiteng komm waren. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon ware wéi ëmmer am Cortège um Won vun der FECC an hunn do vu 14h11 bis géint 18.00 Vollgas ginn!
Photos: Petz Flammang
Cavalcade Péiteng 26.3.2017
Ët huet eleng 1,5 Stonn gedauert bis déi 70 Ween vun der 62. Péitenger Cavalcade alleguer ënnerwee waren! Si hu sech hiere Wee misste sichen duerch déi dausende vu Leit, déi e Sonndeg 26.3.2017 bei herrlechem Fréijoerswieder mat derbei waren. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana ware wéi ëmmer am Cortège um Won vun der FECC an hunn duerno am gehëtzten Zelt op der Maartplaz nach emol esou richteg Vollgas ginn!
Photos: Petz Flammang
Péitenger Cavalcade 6.3.2016
Ë Sonndeg 6.3.2016 war déi 61. Péitenger Kavalkad. Och wann d'Wieder net ganz matgespillt huet, esou war d'Stëmmung um Circuit an duerno am Zelt neess excellent. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria, Sharon a Susana ware wéi ëmmer am Cortège um Won vun der FECC an hunn duerno am gehëtzten Zelt op der Maartplaz nach emol esou richteg Vollgas ginn!
Photos: Petz Flammang
60. Péitenger Kavalkad 15.3.2015
Ë Sonndeg 15.3.2015 war déi 60. Péitenger Kavalkad. De Péitrus haat et gutt mat der Jubiläumseditioun gemengt an et blouf dreche-kaal. Dausende vu Leit hu sech awer waarm geschunkelt a gesong a matzen am Cortège um Won vun der FECC: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Ruth a Sharon.
Photos: Tom Jean
Cavalcade Péiteng 30.3.2014
Déi 59. Editioun vun der Péitenger Cavalcade war mat Sécherheet eng vun deene Beschten! Bei super Wieder waren dausende vu Leit op Péiteng komm an hunn eng Stëmmung erliewt, déi schwéier ze beschreiwen ass. Och no der Cavalcade war Bommestëmmung op der Maartplatz mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa Mariotto an den Hüetten Ruth a Sharon.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories