Home » Télévie
Pré-Télévie-Party Rodange 21.4.2017
Den Dag virum groussen Télévie-Dag 2017, ë Freideg 21.4, war schon eng grouss Pré-Télévie-Party am Zelt beim Fussballsterrain zu Rodange. D'Sarah Candle, de Fitness and dance Diatozza an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon hunn alles gi fir de gudden Zweck!
Photos: Tom Jean
Télévie-Party Rodange 22.4.2016
Um Virowend vum Télévie-Dag 2016, ë Freideg 22.4, war schon eng grouss Télévie-Party am Zelt beim Fussballsterrain zu Rodange. Mat derbei: d'Jenny mat sénger Flamenco-Show an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana... alt neess eng sensationnell Stëmmung fir de gudden Zweck!
Photos: Tom Jean
Télévie-Soirée zu Jonglënster 9.4.2016
E Samsdeg 9.4.2016 war dee groussen Télévie-Dag am Centre Culturel Gaston Stein zu Jonglënster. Um Enn vun engem flotten Dag hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Sharon a Susana beim Iesse fir déi passend Stëmmung gesuergt a sech mat de ville Leit fir de gudden Zweck agesat.
Photo: Tom Jean
Gréiwemaacher baakt fir den Télévie 9.3.2013
E Samsdeg 9.3.2013 haat de Geschäftsverband vu Gréiwemaacher hier 6. traditionnell Bretzelstee fir den Télévie mat de Bäckeren Henri Schumacher a Jeannot Schiltz an der Foussgängerzone bei der Kierch zu Gréiwemaacher, déi Kéier mat de Maacher Veräiner. An der Stee goufen alt neess vill Suën gesammelt: bal 2.000 € fir den Télévie! De Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüetten Ruth a Vanessa hu fir déi excellent Stëmmung bei herrlechem Wieder gesuergt!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Gréiwemaacher baakt 17.3.2012
Ë Samsdeg 17.3.2012 haat de Geschäftsverband vu Gréiwemaacher hier 5. traditionnell Bretzelstee fir den Télévie an der Foussgängerzone bei der Kierch zu Gréiwemaacher, déi Kéier mam Lehrpersonal. An der Stee gouf e Rekordresultat erreecht: 2.050 € fir den Télévie! De Käpt'n, säi Matrous an hier Hüetten hu fir déi excellent Stëmmung gesuergt!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
On Tour fir den Télévie 2011
Och bei der 10. Editioun vum Télévie waren de Käpt'n, säi Matrous an hier Hüetten neess on tour: moies um 11.00 zu Biwer, um 14.00 zu Steesel an um 17.00 zu Klierf - ë super flotten Dag am Déngscht vum gudden Zweck!!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Télévie-Party Rodange 6.5.2011
Um Virowend vum Télévie-Dag, ë Freideg 6.5., war schon eng grouss Télévie-Party am Zelt beim Fussballsterrain zu Rodange. Mat derbei: d'Jenny mat sénger Flamenco-Show, de WDEK-Finalist Laurent Müller an de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten... eng sensationnell Stëmmung fir de gudden Zweck!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Télévie-Stand an der City Concorde 12.4.2011
Ën Dënschdeg 12.4.2011 ware mir am Asaatz fir den Télévie an der City Concorde. Um Stand hu mir fir déi richteg Stëmmung gesuergt an hunn eis CD'en fir de gudden Zweck verkaaft.
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories