Home » Seniorefuesbal Déifferdeng
Seniorefuesbal Déifferdeng 2.3.2020
Ë Méindeg 2.3.2020 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer, déi Kéier fir d'éischt an der neier Hal "O" zu Uewerkuer. Dee grousse Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon konnt net besser sinn! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dest Joer der Fleegestatioun fir wëll Déiere vun Diddeleng an der ALLM, der Association Luxembourgeoise de lutte contre la mucoviscidose, zegutt.
Photos: Petz Flammang
Seniorefuesbal Déifferdeng 11.3.2019
Ë Méindeg 11.3.2019 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer, am Hall de la Chiers zu Déifferdeng. De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon konnt net besser sinn! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dest Joer dem Leederwon an der Wonschkutsch zegutt.
Photos: Tom Jean
Seniorefuesbal Déifferdeng 5.3.2018
Ë Méindeg 5.3.2018 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer am Hall de la Chiers zu Déifferdeng. De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana war excellent! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt den Affer vun de Bëschbränn a Portugal zegutt.
Photos: Tom Jean
Seniorefuesbal Déifferdeng 6.3.2017
Ë Méindeg 6.3.2017 war deen traditionnelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer am Hall de la Chiers zu Déifferdeng. De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren neess vill flott Boke mat derbei, vun deenen dann och déi schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollék gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana war excellent! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dem Groupe cynotechnique Luxembourg an den Äerdbiewen-Affer vu Fiuminata zegutt.
Photos: Petz Flammang
Seniorefuesbal Déifferdeng 22.2.2016
Ë Méindeg 22.2.2016 haaten déi Déifferdenger Seniore-Commissioun, de Club Senior Prenzebierg, Servior an den CIPA Nidderkuer openeits op e flotte Seniore-Präismaske-Fuesbal an d'Chiershal op Déifferdeng invitéiert. De Sall war nach besser gefëllt ewéi déi Joere virdrun an déi vill Boken hu sech formidabel ameséiert. Ët gouf gelaacht, gedanzt a gesong op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüette Maria, Sharon a Susana, an den Erléis vum Nomëtteg kënnt dem Déifferdenger Déiereschutz a Médecins du monde zegutt.
Photos: Tom Jean
Seniorefuesbal Déifferdeng 23.2.2015
Ë Méindeg 23.2. haaten déi Déifferdenger Seniore-Commissioun, de Club Senior Prenzebierg, Servior an den CIPA Nidderkuer op e flotte Seniorefuesbal an d'Chiershal op Déifferdeng invitéiert. De Sall war dann och séier voll an d'Leit hu sech formidabel ameséiert. Ët gouf gelaacht, gedanzt a gesong op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Ruth, an dat Ganzt zu Gonschten vun den Asbl'en Ayubowan am Sri Lanka a Chiens Guide Aveugles au Luxembourg.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories