Home » Casino 2000
Oktoberfest Casino 2000 16.9.2017
Ë Samsdeg 16.9.2017 war neess Oktoberfest am herrlech decoréierte Chapito vum Casino 2000! Tëscht den deftegen Oktoberfest-Spezialitéiten hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana fir eng excellent Stëmmung gesuergt. Et gouf vill gedanzt, geschunkelt a gesong, ier den DJ Cherry dee flotten Owend mat passender Musek oofgerënnt huet!
Fotos: Tom Jean
Oktoberfest Casino 2000 17.9.2016
Ë Samsdeg 17.9.2016 war de Chapito, de Festsall vum Casino 2000, gutt gefëllt! Nom Menü hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hier Oktoberfest-Saison agelaud. D'Leit hu gedanzt, geschunkelt a gesong - kuerz, d'Stëmmung war exzellent - kuckt selwer ;-)!
Fotos: Jessica Maquel
Fuesbal Casino 2000 12.2.2016
E Freideg 12.2.2016 war e flotte Fuesbal am Chapito vum Casino 2000 zu Munneref, mat ville flotte Boken. Ronderëm en 3-Gang-Menü konnten d'Gäscht danzen à gogo op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon, déi och eng Zumba-Performance zum Beschte ginn hunn, ier den DJ Maji fir weider Fuesstëmmung gesuergt huet.
Photos: Patrick Flammang
Oktoberfest Casino 2000 18.9.2015
Ë Freideg 18.9.2015 haaten de Käpt'n Ändä, säi Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon en excellente Warm-Up an déi nei Oktoberfest-Saison. Am Chapito vum Casino 2000 hunn iwwer 300 Leit gedanzt, geschunkelt a gesong bei Weisswurscht, Bretzel an engem Moass!
Fotos: Jessica Maquel
Lëtzebuerger Owend Casino 2000 14.6.2015
Wat war dat e flotten Owend!! E Sonndeg 14.6., op Mammendag, waren iwwer 300 Leit am Chapito vum Casino 2000. Si goufe verwinnt mat engem herrleche Lëtzebuerger Buffet an dobei déi passend Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Casino 2000 22.2.2015
Ë Sonndeg 22.2.2015 haat de Casino 2000 vu Munneref op e flotte Fuesnomëtteg an de Festsall Chapito invitéiert. Fir d'éischt gouf en 3-Gang-Menü zervéiert an duerno gouf gedanzt. D'Ambiance ënnert deenen 150 Gäscht war formidabel. Fir déi gutt Laun hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Ruth gesuergt.
Fotos: Tom Jean
Restricted Categories