Home » Seniorefeier Scheffleng
Seniorefeier Scheffleng 8.12.2017
E Freideg 8.12.2017 war nees déi traditionnell Schëfflénger Rentnerfeier am Hall Polyalent zu Schëffleng, dee mat iwwer 400 Leit ganz gutt gefëllt war. No den Usprochen vum neie Buergermeeschter Paul Weimerskirch an dem President vun der Seniore-Commissioun Pierrot Feiereisen hu sech d'Pensionnäre gutt ameséiert bei engem gudde kalen Teller mat Lëtzebuerger Spezialitéiten, engem Stéck Bûche a mat der Stëmmungs- a Chrëschtmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana! Un um Enn kruten se och nach gudde Wäin als Kado mat heem.
Photos: Tom Jean
Seniorefeier Scheffleng 12.12.2014
Den Hall Polyalent zu Schëffleng war e Freideg 12.12. mat iwwer 500 Leit ganz gutt gefëllt an déi sëlleche Pensionnäre koumen dann och voll a ganz op hier Käschten. E gudden Teller mat Lëtzebuerger Spezialitéiten an dé passend Stëmmungsmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria, Ruth a Sharon hu vir vill gutt Laun gesuergt!
Photos: Serge Breyer
Restricted Categories