Home » Amicale vun der Post
Lëtzebuerger Primeur Amicale vun der Post 16.11.2019
E Samsdeg 16.11.2019 hat d'Amicale vun der Post op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Primeur Owend an de Parc Hotel op Dummeldeng invitéiert. Iwwer 100 Leit goufen do mat engem formidabele Buffet verwinnt an duerno mat nationaler an internationaler Stëmmungsmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Marche Gourmande - Famillgefest Post 12.5.2019
E Sonndeg 12.5.2019 haat d'Amicale vun der Post hier traditionnell Marche Gourmande mam Famillgefest ronderëm d'Cloche d'or organiséiert. Iwwer 1000 Leit waren um Rendez-Vous an hunn duerno an der Hal gefeiert mat de Zumba Chicas an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Primeur Amicale vun der Post 17.11.2018
E Samsdeg 17.11.2018 haat d'Amicale vun der Post op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Primeur Owend an de Restaurant vun der Pâtisserie Hoffmann um Wormerbierg invitéiert. Iwwer 100 Leit goufen do vum Jean-Marie Hoffmann mat engem formidabele Buffet verwinnt an duerno huet de Sall gekacht mat nationaler an internationaler Stëmmungsmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Sharon a Susana.
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend Amicale vun der Post 2.2.2018
E Samsdeg 2.2.2018 haat d'Amicale vun der Post op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Owend an d'Wormer Kellerei invitéiert. Nom grousse Buffet mat allerlee Lëtzebuerger Spezialitéiten gouf sech nees herrlech ameséiert mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Susana.
Photos: Petz Flammang
Lëtzebuerger Owend Amicale vun der Post 6.5.2017
E Samsdeg 6.5.2017 haat d'Amicale vun der Post neess hiere Lëtzebuerger Owend an der Conterstuff. Iwwer 150 Leit hu sech do nom grousse Buffet mat allerlee Lëtzebuerger Spezialitéiten herrlech ameséiert mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Susana.
Photos: Petz Flammang
Lëtzebuerger Owend Amicale vun der Post 12.11.2016
E Samsdeg 12.11.2016 haat d'Amicale vun der Post op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Owend an d'Conterstuff invitéiert. Iwwer 150 Leit goufen do no Stréch a Fuedem verwinnt: fir d'éischt um Buffet mat allerlee Lëtzebuerger Spezialitéiten an duerno op der Danzpist mat nationaler an internationaler Stëmmungsmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Chrëschtsoirée mat der Amicale vun der Post 19.12.2015
E Samsdeg 19.12.2015 war neess déi traditionnell Chrëschtsoirée vun der Amicale vun der Post op der Cloche d'Or. Fir den Ofschloss vun der Chrëschtwoch sinn do am gutt gefëllten Zelt d'Postmusek, de Pico Bello an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten opgetrueden an hunn derfir gesuergt dass d'Gäscht hier Britt, Ham, Fritten an Zalot an den Dessert vum Jean-Marie Hoffmann neess konnten ewech danzen - e super Owend!
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend Amicale vun der Post 21.11.2015
E Samsdeg 21.11.2015 haat d'Amicale vun der Post op e Lëtzebuerger Owend an de Centre Turelbaach op Mäertzeg invitéiert. Mat iwwer 150 Leit war de Sall gutt gefëllt an déi sollten och op hier Käschte kommen: no Ham, Fritten an Zalot an engem gudden Apfelstrudel mat Glace konnten d'Gäscht hier Kalorien bei der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Ruth neess ewech danzen.
Photos: Ronny Rossi (Amicale vun der Post)
Restricted Categories