Home » Rollenger Summerfest
Rollenger Summerfest 15.8.2017
Ën Dënschdeg 15.8.2017, op Mariä Himmelfahrt, war dat 5. Rollenger Grillfest vun der Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Vun deene puer klenge Schaueren huet sech de Publikum net stéiere gelooss an et gouf vill gelaacht, gesong a gedanzt op d'Musek vum DJ Hofmeister an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Maria a Sharon.
Fotos: Tom Jean
Rollenger Summerfest 15.8.2016
E Méindeg 15.8.2016, op Mariä Himmelfahrt, war schon déi 4. Editioun vum Rollenger Summerfest - dat 1. vun der nei forméierter Harmonie Municipale Rodange-Lamadelaine, beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine. Dat herrlecht Wieder bei 30 Grad huet fir excellent Stëmmung bei Jonk an Al gesuergt! An de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana hunn och bei deene waarmen Temperature Vollgas ginn ;-)!
Photos: Tom Jean
Rollenger Summerfest 15.8.2015
Photos: Tom Jean
Rollenger Summerfest 15.8.2014
Ën Donnëschdeg 15.8.2014, also op Mariä Himmelfahrt, haat d'Rolllenger Musek op déi 2. Editioun vum Rollenger Summerfest beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine invitéiert. Bei gréisstendeels drechenem Wieder war d'Ambiance openeits super an déi gutt 400 Leit goufe vun All Reitz Reserved, der Avant Garde vu Rodange, dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria, Ruth a Sharon an dem Laurent de Luxembourg excellent ënnerhal.
Photos: Tom Jean
Rollenger Summerfest 15.8.2013
Ën Donnëschdeg 15.8., op Mariä Himmelfahrt, haat d'Rolllenger Musek op dat 1. Rollenger Grillfest beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine invitéiert. Bei super Wieder war dat e grousse Succès, och wann et scho bal ze waarm war fir ze danzen! D'Stëmmung war excellent mat engem oofwiesslungsräiche Programm op der Bühn, mat e.a. dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Ruth a Sharon.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories