Home » Basket Zolwer
Oktoberfest Zolwer 19.10.2019
De Festikuss um Scheierhaff zu Zolwer ass e Samsdeg 19. Oktober 2019 sengem Numm alt nees gerecht ginn. Et war Party Total um Oktoberfest vum Basket Zolwer mat den DJ Alpensepplen, de Basketbléiser an dem Käpt'n Ändä (dee Gebuertsdag gefeiert huet), dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon! Et war Oktoberfest zu Zolwer... wat war dat schéin!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Zolwer 13.10.2018
De Festikuss um Scheierhaff zu Zolwer war e Samsdeg 13. Oktober 2018 alt nees komplett ausverkaft. Den DJ Alpenseppl, d'Basketbléiser, d'Avant Garde's Hüttengaudi's an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hu mat de Leit aus dem Sall eng regelrecht Sauna gemaach! Et war Oktoberfest zu Zolwer... wat war dat schéin!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Zolwer 14.10.2017
Mat 1.150 Leit war de Festikuss um Scheierhaff zu Zolwer e Samsdeg 14. Oktober 2017 alt neess "sold out". Den DJen Alpenseppl, d'Basketbléiser, d'Avant Garde's Hüttengaudi's an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Sharon a Susana hunn derfir gesuergt, dass d'Leit vu Schnéiwalzer bis Highway to hell de Sall gerockt hunn!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Basket Zolwer 15.10.2016
E Samsdeg 15. Oktober 2016 war alt neess "Full House" um Scheierhaff zu Zolwer: ëm déi 1.000 Leit hu Party gemaach op d'Musek vum DJen Alpenseppl, dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana! Fir d'éischt waren och d'Dancing Queens vun der Avant-Garde vu Rodange mat derbei a wéi ëmmer als "Special Guests" d'Zolwerknappbléiser - e phantasteschen Owend a Party Total!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Basket Zolwer 17.10.2015
Ët war scho schwéier déi vieregt Editiounen vum Oktoberfest zu Zolwer nach eng Kéier ze toppen, mee déi iwwer 800 Leit um Scheierhaff zu Eilereng hu sech alt nees iwwertraff: e Samsdeg 18. Oktober 2015 hu si Vollgas ginn, op d'Musek vun den DJen Alpenseppl'n, dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon - et war einfach nëmme mega!
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Zolwer 18.10.2014
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Zolwer 12.10.2013
Ë Samsdeg 12. Oktober 2013 haat den Zolwer Basket neess op säin Oktoberfest an de Kulturschapp zu Eilereng invitéiert. De Sall war rappelvoll an d'Stëmmung konnt nët besser sinn! Op der Bühn hunn den DJ Mike an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüetten Sharon a Vanessa Vollgas ginn an de Sall huet gekacht!
Photos: Tom Jean
Oktoberfest 75 Joër Basket Zolwer 20.10.2012
Ë Samsdeg 20.10.2012, dem Dag vun der Prënzenhochzäit an dem Gebuertsdag vum Käpt'n Änder, haat den Zolwer Basket op säi grousst Oktoberfest an de Kulturschapp op Eilereng invitéiert. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüettes hu Vollgas ginn an den DJ Mike och!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories