Home » 24 Stonnen Velo Wentger
24 Stonne Velo Wentger 27.7.2019
E Samsdeg 27.7.2019 huet sech zu Wentger neess alles ronderëm de Velo gedréint! Bei schmeieren Temperaturen an enetleche Schaueren hunn d'Cyclisten 24 Stonnen um Circuit hier Ronne gedréint. Um Site hunn d'Leit sech am a ronderem d'Zelt och trotz dem Reen déi excellent Stëmmung net huele gelooss, fir déi e.a. de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Sharon a Susana gesuergt hunn.
Photos: Tom Jean
24 Stonne Velo Wentger 27.7.2013
E Samsdeg 27.7.2013 war Wentger alt neess eng Rees wäert! Bei tropeschen Temperaturen vu 36 Grad hunn d'Cyclisten um Circuit 24 Stonne geschweesst an um Site war am a ronderem d'Zelt eng excellent Stëmmung, fir déi e.a. de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000 an d'Hüetten Ruth, Sharon a Vanessa gesuergt hunn.
Photos: Tom Jean
24 Stonnen Velo Wentger 28.7.2012
E Samsdeg 28.7.2012 hunn de Käpt'n, säi Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Mira a Vanessa fir déi excellent Stëmmung ronderëm de Circuit vun de 24 Stonne Velo Wentger gesuergt. No engem kräftege Schlued goung d'Party am groussen Zelt weider... Am Eisléck loossen se sech nët esou séier ënner kréien!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories