Home » Princesse Marie-Astrid
Letz Fetz op der MS Princesse Marie-Astrid 9.11.2019
Wann d'MS Princesse Marie-Astrid kinnt schwätzen, hätt se de e Samsdeg 9.11.2019 bestëmmt gesot: "wat war dat e schéinen Owend ;-)!" Et huet alles gepasst bei der 8. Editioun vum "Letz Fetz" mam Käpt Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana. D'Schëff war neess komplett ausverkaaft mat engem phantastësche Publikum an engem excellenten 3-Gang-Menü! Den Datum fir 2020 steet schonn... deemno: affaire à suivre ;-)!
Photos: Tom Jean
Letz Fetz op der MS Princesse Marie-Astrid 10.11.2018
Wat fir e fantasteschen Owend! D'MS Princesse Marie-Astrid huet alt nees gewackelt bei der 7. Editioun vum "Letz Fetz" mam Käpt Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana. Um komplett ausverkaafte Schëff konnt d'Stëmmung ronderëm en excellenten 3-Gang-Menü net besser sinn!! Den Datum fir 2019 steet schonn...affaire à suivre ;-)!
Photos: Petz Flammang
Letz Fetz op der MS Princesse Marie-Astrid 25.11.2017
Virun 10 Joer huet d'Geschicht vum Käpt Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüetten op der MS Princesse Marie-Astrid ugefaang an e Samsdeg 25.11.2017 war schonn déi 6. Editioun vu "Letz Fetz". Et war alt nees en absoluten Highlight - super Stëmmung um komplett ausverkaafte Schëff!!
Photos: Petz Flammang
Letz Fetz op der MS Princesse Marie-Astrid 26.11.2016
Wat war dat neess e schéinen Owend!! Déi 5. Editioun vu "Letz Fetz!" op der MS Princesse Marie-Astrid war e Succès op der ganzer Linn: e super Menü an eng formidabel Stëmmung mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Sharon a Susana! An déi iwwer 200 Gäscht hunn d'Schëff un d'Wackele bruecht ;-)!
Photos: Tom Jean
Letz Fetz op der MS Princesse Marie-Astrid 14.11.2015
D'MS Princesse Marie-Astrid war schonn zanter Méint komplett ausverkaaft fir déi 4. Editioun vum "Letz Fetz", dem Lëtzebuerger Owend mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Ruth a Sharon. Nom gudde Menü hunn déi iwwer 200 Gäscht hier Kalorien neess ewech gesong, geschunkelt a gedanzt - e phantastëschen Owend!
Photos: Tom Jean
Letz Fetz op der Marie-Astrid 8.11.2014
Ët war alt nees schéin op der MS Princesse Marie-Astrid - ët war alt nees gaaaaaaanz schéin. Nom gudde Kascht, hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon dat ausverkafte Schëff mat Stëmmungsmusek an Danz bei beschter Laun gehal an de Special Guest-Star "Il Magico Luciano" wosst d'Leit och mat sengen Zaubereien ze begeeschteren!
Photos: Tom Jean
Letz Fetz op der Marie-Astrid 9.11.2013
Dat do hat déi nei Marie-Astrid wuel och nach net erlieft ;-)! Eng Wahnsinns-Ambiance um ausverkaafte Schëff!! Iwwer 200 Leit hu mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Tascha an den Hüetten Ruth a Vanessa Party gemaach a goufen och nach vun der Brigade vum Schëff kulinaresch verwinnt! Je, si waren all VILL FROU ;-)!
Fotoen: Sharon Schanet
Letz Fetz op der Princesse Marie-Astrid 15.6.2012
Ë Freideg 15.6.2012 haat d'Entente Touristique de la Moselle op "Letz Fetz" - ë flotten Danzowend mat Lëtzebuerger Musék invitéiert. Dës Soirée mat engem 3-Gang-Menü war scho fréi mat iwwer 200 Leit ausverkaaft, an déi, déi do waren sollten ët nët bereien!!! Eng super Stëmmung mam Käpt'n, séngem Matrous, dem Sandy an den Hüetten!!
Photos: Mira Ouardalitou
Restricted Categories