Home » CIGR Woltz
Gudden Noper Dag Woltz 18.11.2018
Ë Sonndeg 18.11.2018 haat de CIGR Wiltz Plus op de "Gudden Noper Dag" an d'Sportshal op Wegdichen invitéiert, mat ville flotte Stänn an där grousser Miwwel-Ausstellung. Nom gudde Lëtzebuerger Menü konnten d'Gäscht op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana schunkelen, danzen a matsangen. E flotten Nomëtteg!
Photos:Tom Jean
Gudden Noper Dag Woltz 21.10.2012
Ë Sonndeg 21. Oktober 2012 sinn de Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüetten als "Concert Apéro" vun 11.00 bis 13.00 Auer um "Gudden Noperdag" an der Géitzthall zu Wooltz opgetrueden. D'Leit hu séch bei gudder Laun Appetit geholl fir dat gutt Iessen an duerno hu se d'Kalorien neess mam Fausti ooftrainéiert ;-)!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Gudden Noper Dag Woltz 2.10.2011
Ë Sonndeg 2.10.2011 haat de CIGR Woltz an d'Géitzthaal op säi "Gudden Noper Dag" invitéiert. Vill Leit hu vun deem herrléche Wieder profitéiert fir ë gudde gebaakene Fësch iessen ze kommen a goufen dobei formidabel ënnerhal vum Käpt'n, séngem Matrous an hieren Hüetten.
Photos: Ruth Skinner
Restricted Categories