Home » Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg
Gala Aiderbichlerfrënn Marie-Astrid 29.11.2014
E Samsdeg 29.11.2014 war dee 4. Gala-Owend vun den Aiderbichlerfrenn op der Marie-Astrid. Nom vegetaresche Menü hunn eng attraktiv Tombola, e flotte Quiz a Musek an Danz mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Ruth fir e flotten Owend gesuergt. D'Déiere vum Gut Aiderbichl kënnen sech bestëmmt iwwer e schéine Scheck fréen!
Photos: Serge Breyer a Claude "Waldy" Wanderscheid
Gala Aiderbichlerfrenn Marie-Astrid 25.10.2013
E Samsdeg 25.10.2013 war deen 3. Gala-Owend vun den Aiderbichlerfrenn op der Marie-Astrid. Ët war ewéi ëmmer: et war super! Super Kascht, eng attraktiv Tombola a Mega-Stëmmung mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Sharon a Vanessa, déi hier nei CD "Vill Frou!" an Avant-Première virgestallt hunn!
Photos: Tom Jean
Gala-Owend op der Marie-Astrid 26.10.2012
E Samsdeg 26.10.2012 haaten d'Aiderbichlerfrenn op hieren traditionnelle Gala-Owend op der Marie-Astrid invitéiert. D'Schëff war mat iwwer 200 Leit komplett ausverkaaft a wien nët derbei war, huet eppes verpasst! Super Kascht, eng attraktiv Tombola a Mega-Stëmmung mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Ruth a Vanessa.
Photos: Sharon Schanet
Zillertaler Haderlumpen 28.4.2012
Ë Samsdeg 28.4.2012 haaten d'Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg neess d'Zillertaler Haderlumpen engagéiert an am Virprogramm de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an hier Hüetten. D'Sportshaal zu Dummeldéng war gutt gefëllt an ët war eng formidabel Ambiance am Sall!! Kuckt selwer...
Photos: Michèle "Mike" Mars
Gala-Owend op der Marie-Astrid 30.9.2011
...daat do haat déi nei Marie-Astrid nach nët erlieft!! D'Schëff huet matgeschunkelt um Gala-Owend vun den Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg - ë super Buffet an eng super Stëmmung mam Käpt'n Ändä, séngem Matrous K1000, dem Sandy an dem Ruth.
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Restricted Categories