Home » Am Stall op der Fouer
Lëtzebuerger Dag am Stall op der Fouer 6.9.2015
De Bauer hat de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon openeits op de Lëtzebuerger Dag am Stall op der Fouer invitéiert an nom Mëttegiessen hu si wéi gewinnt fir gutt Stëmmung gesuergt! Dee gudde Kascht war nom Danzen a Schunkele séier verdaut!
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Dag am Stall op der Fouer 7.9.2014
Ët war Party, hei am Stall - wat war dat schéin ;-)! De Bauer hat fir d'éischt op e Lëtzebuerger Dag am Stall invitéiert. Den Optakt hunn e Sonndeg 7.9.2014 am Nomëtteg de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon gemaach an trotz deem schmeiere Wieder ware vill Leit am Stall um Rendez-Vous an hu sech bei guddem Kascht a beschter Stëmmung gutt ameséiert!
Photos: Tom Jean
Am Stall 1.9.2013
De Stall ass och neess 2013 déi top Adress op der Schueberfouer - wéinst dem Kascht a wéinst der Ambiance. E Sonndeg 1.9.2013 waren de Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüetten och neess zu Gaascht als Warm-Up fir den DJ AL.
Photos: Tom Jean
De Stall gëtt gemëscht 11.9.2012
Ën Dënschdeg den Owend war déi grouss Oofschlossparty am Stall op der Fouer. Sandy a Rol, d'DJen Hoffi a Zambesi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an hier Hüetten hunn d'Zelt nach eng Kéier esou richteg un d'Kache bruecht!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Am Stall op der Fouer 7.9.2011
Um läschten Owend vun der Fouer 2011 war nach eng Kéier déck eng lass "Am Stall" - de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an d'Hüetten hunn nach eng Kéier Gas gin an duerno hunn d'Hüttenrocker de Stall "gemëscht".
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories