Home » Al Dikkrich
Al Dikkrich 12.7.2015
Scho fir d'5. Joer hannereneen hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Ruth a Sharon den Iesel um Kierchtuerm vun der aler Kirch zu Dikkrech un d'Wackele kritt ;-)! Al Dikkrich ass a bleift e Kult-Fest an dat war och neess e Sonndeg 12.7. esou, an do konnt och e klenge Schluet näischt drun änneren!
Photos: Tom Jean
Al Dikkrich 13.7.2014
Et gi schéin Optrëtter, ët gi gaaaanz schéin Optrëtter an et gi MEGA Optrëtter - dee vum Sonndeg 13.7.2014 gehéiert sécher zuer läschter Kategorie. Al Dikkrich ass Sonndes Mëttes gréisstendeels dréchen iwwer d'Bühn gaang an deemno gutt gelaunt waren dann och déi vill Gäscht hannert der aler Kierch. Si hu bal 3 Stonne gedanzt a gesong op d'Stëmmungsmusek vum Käpt'n, sengem Matrous, dem Lisa an den Hüetten Ruth a Sharon!
Photos: Tom Jean
Al Dikkrich 14.7.2013
Wat fir eng Stëmmung zu Dikkrich um franséischen Nationalfeierdag!! Bei herrléchem Wieder war de Sonndeg Nomëtteg bei "Al Dikkrich" ronderem d'aal Kiirch alt neess en absoluten Highlight! Um Thé Dansant hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüetten Ruth a Vanessa d'Stëmmung mat nationaler an internationaler Musek zum Kache bruecht!
Photos: Kseniia Kruglova
Thé Dansant Al Dikkrich 15.7.2012
Ë Sonndeg 15.7.2012 haat "Al Dikkrich" op eng Première invitéiert: en Thé Dansant um Sonndeg nomëtteg mam Käpt'n Ändä, sengem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Ruth a Vanessa. D'Schampesbar huet gewackelt, dat schlecht Wieder huet séch séier duerch d'Bascht gemaacht an enger excellenter Stëmmung Plaatz gemaach - kuckt selwer!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Al Dikkrich 12.7.2011
Wéi ëmmer war och d'Editioun 2011 vun Al Dikkrich e Mega-Succès - d'Stroossen waren um läschten Dag, dem Dënschdeg 12.7., neess schwarz vu Leit a fir déi gutt Stëmmung hunn dëst Joër e.a. de Käpt'n Ändä, säi Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten gesuergt. Si waren dëst Joer fir d'éischt derbei an de Mik Rosch fir d'läscht - him e grousse Merci!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories