Home » Altweiberbal Habscht
Altweiberbal Habscht 16.2.2012
De Centre Polyvalent zu Habscht war alt neess op Altweiberdonnëschdeg eng eenzeg Sauna. Um traditionnelle Bal vun der Alliance Äischdall war de Sall neess struppevoll an d'Leit hu gedanzt a gesong op d'Musék vum Orchester Häemelmaos an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an hieren Hüetten.
Photos: Mira Ouardalitou
Altweiberbal Habscht 3.3.2011
An alt neess war den Altweiberbal zu Habscht ën Donnëschdeg 3.3. ë Mega-Succcès! Elauter gutt gelaunte Leit hu gelaacht, gesong a gedanzt, gedanzt, gedanzt...;-)) - op d'Musék vun den Alpenmusikanten an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an hieren Hüetten - super Owend!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
Altweiberbal Habscht 2010
Fettendonnëschdeg, den 11.2.2010, haat d'Alliance Äischdall op hieren traditionnellen Altweiberbal an de Centre polyvalent op Habscht invitéiert. Iwer 500 Leit ware begeeschtert vun der Non-Stop Stëmmung mat de BAYRISCHEN ALPENGRUSS-MUSIKANTEN, dem DJ Fuesi an dem KÄPT'N ÄNDÄ & MATROUS K1000 feat. Sandy & the Hüettes!!!
Photoen: Jean-Marie Reckinger
Restricted Categories