Home » Am Home - Péiteng
Péitenger Wies'n 28.10.2016
E Freideg 28.10.2016 waren déi 1. Péitenger Wies'n am Festsall vum Café am Home zu Péiteng. Nom bayresche Buffet mat Hax, Poulet, Weisswurscht a Leberkäs hunn d'Leit sech bei der Musek vum DJ Gérard, der Danz-Performance vun den Dancing Queens (Avant-Garde Rodange) a mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana herrlech ameséiert!
Photos: Petz Flammang
Après-Ski-Party Harley Frënn Péiteng 10.1.2015
Ë Samsdeg 10.1.2015 haten d'Harley Frënn vu Péiteng an de Café am Home op eng Après-Ski-Party invitéiert. De Café war dann och strubbelvoll a matzedran de Prënz David I. mat e selleche Prënzen a Prinzessinnen. Bis an de fréie Moien era gouf gelaacht a gedanzt mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Sharon an no hierem Optrëtt huet den DJ Abbes weider fir excellent Stëmmung gesuergt.
Photos: Tom Jean
Optakt Péitenger Fuesend 11.11.2011
Traditionnell um 11.11. gëtt déi Péitenger Fuesend agelaut - déi Kéier gouf de Prenz Norbert III. a Rousen virgestallt an duerno am Cortège mat der "Clique des Tambours - Drum & Show Band" vu Kielen an de Café "Am Home" eskortéiert. An do goung d'Party richteg lass mam Käpt'n, séngem Matrous an dem Sandy an duerno mam DJ Rolli.
Photos: Max Schiltz
Mega-Fuesparty 23.01.2010
Restricted Categories