Eis "Schëffs-Crew" gëtt neess méi grouss!!
Wéi Dir vläicht scho wësst gëtt eist Sandy am Summer glécklech Mamm ;-)!!
Fir hatt déi Zäit ze ersetzen, si mir VILL FROU, dass mir déi Lëtzebuerger Sängerin Lisa Mariotto (e.a. ex-Frontfra vu Wallstreet a bekannt als Entertainerin op der Päischtcroisière) konnten als Sängerin engagéieren!
Parallel hu mir och eng nei Hüette u Bord: d'Maria Agostino (fréier Prinzessin aus dem Péitenger Karneval a Zumba-Coach) wäert demnächst zesumme mam Ruth a mam Sharon flott Choreographien op d'Bühn zauberen!
De Käpt'n, säi Matrous an hier Crew soën häerzléch "WELCOME" a wënschen dem Lisa an dem Maria vill Spaass bei hieren Optrëtter mat eis!






